Charity Dinner

Den 29. Mäerz huet d‘Associatioun BAVI (les bons amis du vendredi) hiren éischte karitativen Dinner am Schengener Haff organiséiert. Iwwer 90 Läit hu sech zesumme fonnt fir d‘Fondatioun Wonschstär ze ënnerstëtzen. E flotten Owend ganz am Motto vun der Solidaritéit!

Mir soen der Associatioun BAVI e ganz grousse Merci, dass si souvill Läit a Sponsore mobiliséiert hunn a fir de gudden Zweck begeeschtere konnten. E grousst Engagement virun a wärend dem Owend hu fir e grousse Succès gesuergt.

9000€ konnten esou fir eise grousse Projet den EKSO Squelette gesammelt ginn.