Carlos

De Carlos, 40 Joer al a Papp vun 2 Kanner, hat den 31. Oktober 2014 en Aarbechtsaccident. Säit deem sëtzt hien am Rollstull, mee dëst hält hien net dovun of sportlech aktiv ze sinn. Säi groussen Dram ass et bei de Paraolympics zu Tokio deel ze huelen!

De Wee bis dohin ass laang, immens schwéier a mat ville Käschte verbonnen! Dëst ass fir de Carlos keen Hindernis voller Motivatioun ze sinn, sou war hie mat der Associatioun Back to Sport schonn op ville Course mat dobäi!

De Carlos setzt sech d‘Laat ëmmer méi héich! Fir säi grousse Dram ze realiséieren, brauch hien e professionelle Trike! Mat Hëllef vun eiser Fondatioun an dem Akaf vun dësem Trike, konnt hien déi zweet an drëtt Plaz bei der Coupe Paraciclismo a Portugal gewannen.

Geschwënn participéiert hien un der Weltmeeschterschaft am Paraciclismo zu Ostend an un de Cycling World Championships zu Emmen(Holland).

Vill Gléck Carlos!