Bari

D’Sally huet eis virun e puer Méint eng Mail iwwert seng Mamm geschriwwen déi ganz schwéier krank ass: « Ech erzielen hier Geschicht aus dem einfachen Grond, dass ech meng Mamm vir déi lescht Zäit déi hier nach bléift glécklech wëll gesinn an dat si net traureg vun eis goe muss.  Hiere gréisste Wonsch wier eng Vakanz um Mier, do Sie den Geroch vum Mier, de Wand, an Geräisch vun den Wellen gären huet … »

D’Biller schwätzen fir sech!

D’Mamm ass lescht Woch mat der Duechter an hirem Jong op Bari geflunn! Dank der Fondatioun Wonschstär huet Sie e puer ganz schéi Momenter um Mier konnten verbréngen an eng Woch all inklusive am Pietra Blu Resort direkt um Mier konnte genéissen. « Sie wollt net méi heem » war den Feedback vun der Duechter!

Mir sinn frou dass mir trotz dem Covid dësen Wonsch konnten erfëllen. Een groussen Merci eisen Donateuren!