Allgemeng Benotzungsbedéngungen

Verwalter, Hosting Ubidder a Besëtzer

Dësen Internetsite www.wonschstaer.lu gouf vun der Fondatioun selwer erstallt a gestallt. De Contenu gehéiert domat der Fondatioun Wonschstär, déi hiren Haaptsëtz op der Adress 25a, route de l’Europe L-5531 Remich huet.

Eise Website gëtt vun der Firma root S.A. 3, op der Poukewiss-L-7795 Roost, LUXEMBOURG gehost.

Mat dem weideren Benotzen vun dësem Site, erklärt dir iech automatesch averstanen eis allgemeng Benotzungsbedéngungen gelies ze hunn an ouni Ausnam ze akzeptéieren. D’Fondatioun Wonschstär behält sech d’Recht des Allgemeng Benotzungsbedéngungen zu Allzäit kennen ze änneren. Dohier rot d’Fondatioun all Benotzer des Säit reegelméisseg ze liesen.

Bei all Fro, eventuellen Problemer, Feeler, oder Reklamatiounen bieden mir iech iwwer info@wonschstaer.lu ze kontaktéieren.

Benotzung

Dësen Internetsite gouf ageriicht fir d’Fondatioun Wonschstär virzestellen, hir Popularitéit ze steigeren, iwwer all hir erfëllte Wënsch an Eventer ze beriichten, Kontakt ze erliichteren a méiglech nei Ënnerstëtzer ze fannen. Wärend dem Benotzen vun dësem Site verséchert de Visiteur sech zu all Zäitpunkt éierlech, mat beschter Absicht dem Gesetz no géigeniwwer der Fondatioun Wonschstär an hiren Partner ze behuelen.

D’Fondatioun Wonschstär waacht iwwer d’Verfügbarkeet vum Internetsite. Parcontre hëlt Fondatioun Wonschstär keng Responsabilitéit iwwer de Contenue vun dësem Site a leent all Verantwortung iwwer d’Notzung vun den Informatioune vun dësem Site an de verëffentlechten Säiten of.

D’Fondatioun Wonschstär hëlt och keng Garantie wann de Site wéinst eventuellen Aarbechten, Verbesserungen, techneschen Problemer oder sos eventuelle Grënn net verfügbar ass.

Mir behalen eis d’Recht dem Benotzer den Zougang zu dësem Site zu all Zäitpunkt an ouni Virwarnung ze refuséieren.

Datesécherheet

D’Fondatioun Wonschstär versicht hiert Bescht d’Sécherheet ze garantéieren an ass beméit d’Sécherheet vun ärem Privatliewen ze schützen an ze respektéieren, ganz am Aklang mat der europäescher perséinlecher Dateschutzbestëmmung (EU 2016/679 genannt “GDPR”).

Mir verwalten är perséinlech Daten déi dir eis fräiwëlleg an ongezwongen z.B. bei der Umeldung fir Newsletter oder beim Benotzen vun eisem Kontaktformular geschéckt hutt. Ganz no der Gesetzgebung vun der Sécherheet vun den Daten hu dir d’Recht op den Zougang, d’Läschen oder d’Beaarbechtung vun ären perséinlechen Daten. Dir kënnt eis zu all Zäit eng Email mat der Ufro op gdpr@wonschstaer.lu schécken.

Newsletter

Vir e gudden Service ze garantéieren benotzen mir den Newsletter Service vun Mailchimp. Mat dem Ukräizen vun der GDPR Këscht an dem klicken vum “Abonnéieren” Knäppchen, gi dir eis är Averständnis, dass är Mailadress un Mailchimp weidergeschéckt gëtt an do verwalt gëtt.

Dir kënnt zu all Zäit eis Newsletterlëscht verloossen andeems dir äis eng Email mat der Ufro fir d’Läschen vun ären Informatiounen op gdpr@wonschstaer.lu schéckt oder op “Unsubscribe” ënnen an der Newsletter klickt.

Wann dir méi wëllt iwwer den Newsletter Service vu Mailchimp an hir allgemeng Benotzungsbedéngungen gewuer ginn, bieden mir iech dësen Link ze besichen.

https://mailchimp.com/legal/privacy/#3._Privacy_for_Contacts

Ugewannte Recht

All Sträitfall, d’Opruffen an d’Notzung vun dësem Internetsite duerch de Benotzer ënnerleien den entspriechenden lëtzebuergeschen Gesetzer.

Kontakt

Fondation Wonschstär

25a, route de l’Europe

L-5531 Remich

Tel: (+352) 671 888 000

Kontakt

25a, route de l'Europe L-5531 Remich

+352 671 888 000

info@wonschstaer.lu

LU82 0080 3062 1330 2001

Newsletter

Wëllt Dir emmer gären iwwert all eis Projeten um Courant sinn, dann gidd eis Är Coordonnéen a mir setzen Iech op eis Newsletterlëscht. Dir kënnt des Lëscht zu all Zäitpunkt verloossen andeems Dir an enger Newsletter ganz ennen op “unsubscribe” dréckt oder eis eng Mail op gdpr@wonschstaer.lu maacht.

Mir benotze Mailchimp fir eis Newsletter, mat dem Abonnéieren confirméiert Dir eis allgemeng Benotzungsbédengungen gelies ze hunn an och ze akzeptéieren, sou wéi eis Ären Accord ze ginn, Är Donnéeën un Mailchimp ze schécken a vun hinne verwalten ze loossen. Gidd méi iwwer Mailchimp an hiren Dateschutz gewuer.

Allgemeng Benotzungsbedéngungen