Adriano

De léiwen Adriano huet sech näischt méi gewënscht wéi emol eng Visite am Disneyland ze ennerhuelen. Natirlech ware mir direkt begeeschtert fir him säi Wonsch ze erfëllen an him e flotten Ausfluch ze erméiglechen. Wéi dir sou schéin op de Fotoen gesidd huet den Adriano mat senger Mamm  ganz vill op senger Rees erliewt. Hien ass net méi aus dem Strahlen raus komm an huet sech prächteg zu Paräis am Disney amüséiert.

Wéi emmer war et eist just méiglech dëse Wonsch ze erfëlle well mir vun eise ville Frënn an Donateuren op esou enger eenzeger Art a Weis ennerstëtzt ginn. Villmools Merci!