Fondation Wonschstär

"Eréischt d'Méiglechkeet, en Dram ze verwierklechen, mëscht eis Liewen liewenswäert!"

Paulo Coelho

Geschicht

D'Fondatioun Wonschstär, déi 2014 gegrënnt gouf, war mäin Dram. De Message ass relativ einfach: Léift, Matgefill, Barmhäerzegkeet a Verantwortungsgefill.

 

Alles wat mir maachen, huet eng Bedeitung a jiddereen, deen mir op eisem Liewenswee begéinen, prägt eist Liewen. Mënschen, déi eis Hëllef an Ënnerstëtzung gebrauche kënnen, gehéieren dacks zu eisem Alldag. Esou huet mech viru siwe Joer d'Geschicht vum Tom, deen am Alter vun 21 Joer e schwéiere Schicksalsschlag erlidden huet, matgeholl.

 

Sécherlech konnt ech him säi gréisste Wonsch, nämlech net méi am Rollstull ze sëtzen, net erfëllen. Awer duerch d'Stëftung hoffen ech, dass ech him e bësse Matgefill u säi Schicksal weise konnt an him d’Bestätegung konnt ginn, datt säi Liewen, trotz sengem schwéiere Schicksal, e Sënn ergëtt. Gutt a schlecht Erfarunge brauch e Mënsch fir ze wuessen an dohin ze komme wou säi Wee hien hi féiert.

 

Hien ass eise Botschafter, deen anere Leit mat engem schwéiere Schicksal weise kann, datt et sech ëmmer lount ze kämpfen!

 

Trotz villen Hindernisser am Liewen, soll een ni de Mutt verléieren. Wa mir a schwierege Situatiounen staarke Wëlle weisen, ass d'Aussicht op Erfolleg méiglech an e klénge Liichtbléck kann eisen Alldag oplackeren. E Stär, e klenge Liichtbléck wëll ech méiglechst ville Betraffenen mat eiser Stëftung schenken. Eng kleng Freed bereeden, e bëssen Hoffnung ginn, dat ass eist Matgefill um Schicksal vun de Betraffenen.

 

Viviane Vermeer

Presidentin

"Alles ass mateneen verbonnen, an huet e Sënn!"

Paulo Coelho

Wie si mir?

Loading

© Fondation Wonschstär 2018

Fondation Wonschstär